Skip to content
zeno
Create a Station
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Opens in a new window
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Kultur
News
Luxembourgish
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Website
Episodes
Episodes
50
17 September 2026
American Horror Story
“American Horror Story’’ ass eng amerikanesch Anthologieserie aus dem Joer 2011 a gouf kreéiert vum Ryan Murphy. An all Staffel geet et em eppes anescht, well de Ryan Murphy sech mat verschiddenen Epochen an och mat verschiddenen Horror- an Erzielstiler ausernee gesat huet. “American Horror Story’’ ass definitiv eng Serie déi sech och u reell geschichtlech Evenementer a seriö Themaen eru getraut...
17 September 2026
Filmkritick: "Marcel et Monsieur Pagnol"
De Marcel Pagnol huet Marseille an der Provence en Denkmal gesat. An engem mat Lëtzebuerger Bedeelegung produzéierten Animatiounsfilm erzielt de Sylvain Chomet dem franséische Schrëftsteller, Dramaturg a Cineast säi Liewen. Eng Kritick vum Michel Delage.
17 September 2026
17 September 2026
Dana Vowinckel – Anton und Alma
De 5. Oktober gëtt am Kader vun der Frankfurter Buchmesse den däitsche Buchpräis verginn. Am Virfeld stellt d‘Valerija Berdi eng Rei Bicher vir, déi d‘Chancen hunn, dëse renomméierte Literaturpräis ze gewannen. Haut ass et der Dana Vowinckel hire Roman „Anton und Alma“ , deen am Suhrkamp Verlag eraus komm ass.
17 September 2026
Di kleng Theatere stellen hire Programm vir
Kleng Theateren hun hiren eege Charme: Proximitéit, Intensitéit, Engagement. Deementspriechent gléissend sinn d'Programmukennegunge vu Centaure, Kasemattentheater an TOL ausgefall. De Marc Clement rapportéiert.
16 September 2026
Rentrée littéraire: "N'efface pas mes cercles" vun der Emma Marsantes
Eng Duechter versicht, hirer Mamm hire Suizid ze verstoen an erzielt dofir, op knapp 160 Säiten, eng donkel Familljegeschicht: der Emma Marsante hire Roman "N'efface pas mes cercles", noméiert fir de Prix Goncourt, de Prix Femina an de Prix Médicis, verdicht traumatesch Themen zu engem wichtegen, poetesche Wierk. De Jeff Schinker huet d'Buch fir eis gelies.
16 September 2026
Shida Bayzar . Die Lücken
Mat hirem Roman "Die Lücken" (Kiepenheuer & Witsch) steet di däitsch-iranesch Schrëftstellerin Shida Bayzar op der Shortlëscht fir de Däitsche Buchpräis. D'Valerija Berdi huet dëse komplexe Roman mat grousser Begeeschterung gelies.
16 September 2026
De Film "Naza" suergt fir Oprou
Den israeelesche Film “Naza” ass am Festival zu Venedeg gelueft ginn. Ganzer 25 Minutten huet de Public bei der Première leschten Donneschde geklappt - esou laang wéi nach ni virdrun. An Israel selwer kennt de Film awer manner gutt un. Firwat déi zwee israeelesch Regisseuren, de Yuval Abraham an d'Rachel Szor, doheem als Verräter ugesi ginn, doriwwer schwätze mir mat eisem Korrespondent Léonardo...
15 September 2026
Luxembourg All In: Interview mam Schorsch Kamerun
De Museker, Sänger an Theaterregisseur Schorsch Kamerun – ënner anerem bekannt als Grënnungsmember vun der däitscher Band "Die Goldenen Zitronen" – geet mat engem Stéck "Luxembourg All In" Froe vu Klimakris, Globaliséierung a sozialer Ongläichheet no. D'Resultat ass kee konventionellt Theaterstéck: "Luxembourg All In" ass eng immersiv Concerts-Installatioun, déi an Zesummenaarbecht mat...
15 September 2026
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.